arrow_back_ios
Kultur
"La Supplication" vum Pol Cruchten - 30 Joer no Tschernobyl am Kino
De mënschlechen Impakt vun der Atomkatastroph vun Tschernobyl vun 1986 ass de Sujet vum Pol Cruchten sengem Film La Supplication, eng Adaptatioun vum Buch mam selwechten Titel vun der Svetlana Alexievitch. Déi lescht Laureatin vum Literaturnobelpräis hat dee Recueil vun Temoignagen 1997 publizéiert. Déi wäissrussesch Schrëftstellerin war bei Geleeënheet vum Luxembourg City Film Festival och zu Lëtzebuerg. Elo leeft de Film am reguläre Kinosprogramm.