Kultur
E Film iwwer Tschernobyl vum Pol Cruchten
Virun 30 Joer huet een eenzegt Evenement d'Liewe vu Dausende vu Leit fir ëmmer verännert. Um 1:24 Auer koum et an engem vun den Atomreakteren zu Tschernobyl an der Ukraine zu enger gewalteger Explosioun mat dramatesche Konsequenzen. Dëst gëtt am Film La supplication vum Pol Cruchten thematiséiert, deen elo am Kino ze gesinn ass. De Film baséiert um Buch vun der Swetlana Alexijewitsch, déi Honnerte vun Iwwerliewende vun der Katastroph interviewt huet an déi fir hiert Wierk de Literaturnobelpräis krut.