Kultur
De Kolosseum gëtt mat private Sue renovéiert
De Kolosseum zu Roum ass eng beléift Plaz fir Archeologen, mä den Ament sinn awer och vill Handwierker am Kolosseum aktiv, an dat well dësen Zeien aus fréieren Zäite restauréiert gëtt. Den italienesche Milliardär Diego Della Valle huet 25 Milliounen Euro deblockéiert, fir de Kolosseum ze restauréieren. Eng éischt Phase vun den Aarbechten, d’Fassad, ass elo ofgeschloss, mä awer si vill Leit mat der Démarche vum Della Valle, Chef vun enger riseger Schung-Entreprise, net averstanen. Explikatioune Jean Claude Majerus.