arrow_back_ios
Kultur
Kollektivexpo am fréiere Schluechthaus Zaepert
De “Quartier 3”: dat war 2015. An der rue Quartier net wäit eweg vun der Escher Gare hate Kënschtler am alen, eidelen Härenhaus op der Nummer 3 eng Weekendexpo organiséiert, kuerz ier dee ganze Véierel ofgerappt gouf. Dat selwecht sollt sech dëst Joer am alen “Zaepert”-Schluechthaus ofspillen. De Freiden Owend war Vernissage an d’Kerstin Thalau war kucken.