Radioen

On air

Moiesstudio  |  Baugenossenschaften

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

Gerald Knaus

on the headlines

De Gerald Knaus, Initiateur an dreiwend Kraaft hannert dem EU-Tierkei-Ofkommes rifft de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker op, sech drëms ze këmmeren, datt d’Verspriechen aus dem Flüchtlingsofkommes elo endlech ëmgesat ginn. Et dierft net sinn, datt sech d'EU-Memberstaten net un den Deal halen, esou den Direkter vum Thinktank ESI (European Stability Initiative) am 100,7-Interview.

Et géif kee Grond ginn, datt Flüchtlinge méintelaang festhänken. D’Europäesch Unioun misst nëmmen e bësse besser organiséiert sinn. D’Ofkommes géif zwar besser wierken, wéi souguer d’Supporter geduecht hunn, op de griicheschen Insele géif et den Ament awer zum Beispill u Mataarbechter feelen, fir d’Demanden unzehuelen.

D’Versprieche vu geregelten Asylprozeduren am Kader vun den EU-Regulatioune misst elo séier ëmgesat ginn, esou den éisterräichesche Politikwëssenschaftler am Gespréich mat eisem Auslandskorrespondent zu Wien, dem Daniel Schneider.

Eng Parti Kritiken vun ONGen um EU-Tierkei Ofkommes, et géif zum Beispill zu Massenofweisunge kommen, léisst de Gerald Knaus iwwerdeems net gëllen.




Episoden

Marc Baum | © Chris Zeien

Marc Baum

Dee lénken Deputéierte Marc Baum ass eisen Invité, fir ënner anerem iwwer d'Spezialkommissioun Caritas ze schwätzen, grad wéi iwwer de Parteikongress vun déi Lénk.
headphones

14 min

play_arrow
Xavier Turquin | © Chris Zeien

Xavier Turquin

Mam nach neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg schwätze mir iwwer d'Klimabeweegung an dat rezent Urteel an den USA, dat fir Diskussioune suergt.
headphones

13 min

play_arrow
Monique Stirn | © Chris Zeien

Monique Stirn

D'Generalinspektioun vun der Police huet d'lescht Joer däitlech méi Enquêtë géint Polizisten opgemaach, wéi nach 2023. Mir froen d'Cheffin vun der IGP, wourun et kéint leien.
headphones

15 min

play_arrow
Eric Thill | © Michelle Barthel

Eric Thill

Dee fréiere Buergermeeschter vu Schieren ass net just Kultur- an delegéierten Tourismusminister, mee wëllt och Generalsekretär vun der DP ginn. Fir wéi eng Politik steet hien?
headphones

14 min

play_arrow
Leo Wagener | © Michelle Barthel

Leo Wagener

Nom Doud vum Poopst François stellt sech elo d’Fro: wat kann déi kathoulesch Kierch sech vu sengem Successeur erwaarden? Dat beschwätze mir mam Weibëschof.
headphones

13 min

play_arrow

Podcast-Tip: Chronologie vun der Caritas-Affär

Nei Serie am Zeenewiessel
headphones

3 min

play_arrow
Raymond Becker | © Michelle Barthel

Raymond Becker

D'Friddensplattform rifft muer (19.4.) zu hirem Ouschtermarsch op. Mee wéi sollen déi friddlech Léisunge fonnt ginn?
headphones

15 min

play_arrow
Philippe Jacob | © Jo Diseviscourt

Philippe Jacob

De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?
headphones

14 min

play_arrow
Jessie Thill | © Jo Diseviscourt

Jessie Thill

Mir froen d'Presidentin vum Observatoire de l’Environnement Naturel, firwat si déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz kritesch gesäit.
headphones

10 min

play_arrow
Tilly Metz | © Morgane Weidig

Tilly Metz

D'Europadeputéiert ass dës Woch mat enger Delegatioun vun deene Gréngen am Europaparlament an der Ukrain.
headphones

13 min

play_arrow
Charel Müller | © Jo Diseviscourt

Charel Müller

Mir froen den neie President vun der Dëschtennisfederatioun, wéi hien no de Reiwereien an de leschte Méint nees Rou an d'FLTT wëllt bréngen.
headphones

12 min

play_arrow
André Hansen | © Luxembourg Pavilion

André Hansen

E Sonndeg geet d'Weltausstellung zu Osaka a Japan op. Mir froen de Kommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon, wat d'Visiteuren do erwaart.
headphones

11 min

play_arrow
Carole Hartmann | © Jo Diseviscourt

Carole Hartmann

D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?
headphones

15 min

play_arrow
Paul Nathan

Paul Nathan

Ass de Bausecteur mëttlerweil um Wee aus der Kris eraus? Mir froen de Vizepresident vun der Chambre des Métiers.
headphones

12 min

play_arrow
Sven Baltes

Sven Baltes

Den Invité vum Dag ass deen neien Direkter vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.
headphones

10 min

play_arrow
Christian Weis | © Jo Diseviscourt

Christian Weis

Mir froen den Escher Buergermeeschter, wéi hie seng Gemeng wëllt prett maache fir 50.000 Awunner.
headphones

13 min

play_arrow
Patrick Goldschmidt | © Morgane Weidig

Patrick Goldschmidt

Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.
headphones

12 min

play_arrow
René Winkin | © Morgane Weidig

René Winkin

Mam Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil schwätze mir ë. a. iwwer d'Stroftaxe vum US-President Trump.
headphones

14 min

play_arrow
Pascal Peters | © Morgane Weidig

Pascal Peters

Mam Generaldirekter vun der Police geet rieds iwwer dee massive Recrutement, d'2024er Kriminalstatistik an d'Aféierung vun de Bodycams (vum 1. Juli un).
headphones

13 min

play_arrow
Christophe Hansen | © European Union 2024

Christophe Hansen

Den EU-Agrar-Kommissär ass den Invité beim Maurice Molitor.
headphones

14 min

play_arrow