Kultur
De 400. Doudesdag vum Shakespeare
400 Joer sinn et haut hier, datt de briteschen Dramatiker an Dichter William Shakespeare gestuerwen ass. Zu Stratford-upon-Avon steet den Ament alles am Zeeche vum groussen Auteur: vum Shakespeare-Béier, dem Kichelchen a Form vu sengem Gesicht, dem T-Shirt bis bei d’Kichenduch Déi britesch Stad nërdlech vu London ass net nëmmen déi Plaz op där de britesche Poet gebuer ass, mee och déi op där hie gestuerwen ass. D’France Ewen huet sech zu Stratford-upon-Avon op d’Spuere vum Shakespeare gemaach, a mam Expert Stanley Wells geschwat.