Wie kennt se net: Fotoe vun dichtegen Leit, déi virun enger plafangshéijer Bibliothéik poséieren - an domat wëllen Androck maachen, mat der inhärenter Suggestioun, si hätten all déi Bicher hannert hinnen och gelies.
Mir wëssen, datt esou Bicherwänn net seelen nëmmen eng Attrapp sinn. Ass et dat selwecht mat de Bicher, déi hautdesdaags op de Bäistelldëscher als "Coffeetablebook", déi solle vermëttelen: hei lieft een, deen déi Bicher all intus huet, deen also belies ass? Iwwerleeunge vum Angelika Thomé.