Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Metal Meltdown goes Aborted

Metal Meltdown goes Aborted

Metal Meltdown goes Aborted

An dëser Sendung beweisen ech mat der Musek, déi lafe wäert, eemol, dass et effektiv déi brutaalste Sendung am Lëtzebuerger Radio ass. Den 22. Abrëll kënnt den neien Aborted Album Retrogore eraus an an deem Zesummenhank maache mer e Special iwwert déi belsch Death Metal Band. Mir maachen en Tour duerch hir Discography, et gëtt en Interview mam Frontmann Sven de Caluwé, an deem mer ënnert anerem iwwert den neien Album an iwwert Horrorfilmer a Serie schwätzen an et gëtt natierlech och e Review vum neien Album.

Album vun der Woch: Aborted - Retrogore (8.5/10)



Den Album vun der Woch kënnt dës Kéier natierlech vun Aborted. Retrogore ass haut erauskomm an et ass ewell den 9. Studioalbum a kuerz gefaasst kann ee just soen: Retrogore ass Aborted; Aborted si Retrogore. Wuel keng aner Death Metal Band ass méi Retro a méi gore, wéi Aborted. Hir Lidder sinn dreckeg an drëpse just sou mat den Ënnereie vun de Leit, déi si grad verbal geschluecht hunn. Sou kennt een d’Band zënter 20 Joer an dat ass och op Retrogore net anescht.

Ech kéint natierlech lo op all eenzelt Lidd agoen, mä dat mécht net vill Sënn. Retrogore ass einfach nëmme wéi gewinnt extreemst brutal, onkompromësslos straight-forward an einfach nëmme gewalteg. Retrogore ass am Fong déi logesch Weiderentwécklung vun der Band. Sou Lidder, wéi Cadaverous Collection oder Forged for Decrepitude klappen onbaarmhäerzeg op een an, fett Riffer a vigouréis Soloen, bei deenen alt nees e Krack méi lues getrëppelt gëtt, rappen ee mat a suerge fir Hengerhaut

Gory ass d’Band also wéi gewinnt, ma Retro ass se net nëmmen, well d’Horrorfilmer aus dem 80er nees als Leitmotiv gegollt hunn, mä well d’Band och bëssen an hir eege Geschicht wulle geet an esou all Elementer, déi d’Band jee ausgemaach hunn, matenee verbënnt. Dat geet also vun techneschem Geshreds iwwer brutale Grind bis hin zu de méi groovegen Deeler

Leider gëtt et op Retrogore awer och nees eng Parti Lidder, déi menger Meennung no bëssen iwwerflësseg eriwwer kommen, well se net vill Momenter hunn, déi ervirstiechen, an iergendwéi nëmmen einfach sou mat drop gepak goufen, fir d’Zäit ze fëllen. Dat ass awer och den eenzege Grond, firwat dësen Album keng 10/10 kritt. Fir de Rescht ass Retrogore en Aborted Album, wéi e si soll.

Agenda

Metalfestival Koplëscht Warm Up @ Plectrum Bar, Schlammestee

Playlist

Aborted - The Sanctification of Fornication (The Puritiy of Perversion, Uxicon)

Aborted - The Holocaust Incarnate (Engineering the Dead, Listenable)

Aborted - Charted Carnal Effegy (Goremageddon: The Saw and the Carnage Done, Listenable)

Aborted - Blood Fixing The Bled (The Archaic Abattoir, Listenable)

Aborted - Retrogore (Retrogore, Century Media)

Aborted - Avenious (Slaughter & Apparatus: A Methodical Overture, Century Media)

Aborted - Ophiolatry on a Hemocite Platter (Strychnine.213, Century Media)

Aborted - Vermicular, Obscene, Obese (Global Flatline, Century Media)

Aborted - Coffin Upon Coffin (The Necrotic Manifesto, Century Media)

Aborted - Termination Redux (Retrogore, Century Media)

Episoden