Kultur
Päerd sinn och nëmme Mënschen
De klassesche Cabaret bréngt de Mars Klein rëm zréck op d'Bühn. Mat him a senger neier Equippe erliewen ënner anerem den Tucholsky, de Ringelnatz, den Heine an d'Kaleko, sou wéi de Rodange an de Manderscheid e musikalesche Revival. De Musiker Rudi Schubert, déi klassesch Sängerin Véronique Kinnen, déi professionell Schauspillerin Sabine Rossbach bidden eng spannend Symbios aus kuerzer Prosa, Gedichter, Chanson a Zeenen... alles vertount vum Rudi Schubert. Valerija Berdi