Kultur
Generation Y : Déi Jonk am Mëttelpunkt
Generatioun Y, dat wor och de Sujet vun engem Debat, dee vum Institut Pierre Werner organiséiert gouf. Invité waren zwou jonk Journalistinnen. Déi däitsch Ronja von Rönne an déi franséisch Julia Tissier. Wat ass d’Generation Y? Wéi en Afloss huet den Internet op dës Generatioun an wéi ginn déi Jonk mat enger Welt, déi non stop am Wandel ass, ëm? Dat waren nëmmen e puer vun de Froen, déi an der Abtei Neimenster opgeworf goufen. D’Maxi Pesch war op der Plaz an huet sech mat den zwou jonke Fraen ënnerhalen.