Kultur
Parrécken a Make-up an der Royal Shakespeare Company
Zu engem Theaterstéck gehéieren net nëmmen d’Kulissen an d’Akteuren, mee och, wéi d’Schauspiller ugedoen a geschminkt sinn. An der Royal Shakespeare Company zu Stratford-upon-Avon, ass d'Departement fir Parrécken a Make-up en essentiellen Deel vun der Theater Produktioun. 9 Leit schaffen hei fläisseg net nëmme fir Shakespeare Stécker, mee och fir Produktioune wéi d’Musical Matilda. D’France Ewen war hannert d’Kulisse kucken an huet sech e Bild vum Departement gemaach.