arrow_back_ios
Kultur
Shakespeare-Metamorphosen
Shakespeare spille stellt ee virun de berühmten "embarras du choix". Oder et probéiert ee verschidde Wierker an engem ënnerzekréien - souwéi d'Claudia Dylla et gemaach huet a selwer als Actrice dëse Samschdeg am Sall Vic Abens zu Veianen um Schlass presentéiert: Shakespeare-Metamorphosen ass en Zesummespill vun Text-Extraiten, eegenen Traktater a Musek, a versprécht en turbulenten Shakespeare-Owend ze ginn. D'Nathalie Bender informéiert.