arrow_back_ios
Kultur
Den 200. Anniversaire vum Charlotte Brontë
Op den Dag sinn et 200 Joer hier, datt déi britesch Schrëftstellerin Charlotte Brontë zu Thornton a Groussbritannien op d’Welt koum. Déi jonk Fra ass virun allem wéinst hirem Buch Jane Eyre bekannt. Mat hiren emanzipéierte Bicher huet d’Charlotte Brontë déi britesch Literaturwelt am 19. Joerhonnert op d’Kopp geheit. D’France Ewen huet sech zu London e Bild vun der Autorin hirem Liewe gemaach.