Kultur
Summerakademie 2016: vun elo un zu Hollerech
Zënter e puer Méint huet sech de CEPA, de Centre pour la Propagation des Arts, um fréiere Site vum CarréRotondes ageriicht. Mat-"Bewunner" sinn Lucilin, e klenge Rescht Rotonden, souwéi divers kënschtleresch Ausleefer vum LUCA an der École de la Deuxième Chance (den Noperen), an der Uni Lëtzebuerg. D'Cohabitatioun funktionnéiert gutt, seet de President vum CEPA, de Lex Weyer. D'Summerakademie-Course si vun elo un och zu Hollerech; deen neien (an éischten eegene) Site erlaabt och weider Aktivitéiten d'Joer iwwer, wéi zum Beispill Trimestercoursen.