Kultur
Interview Manfred Osten / Soirée Sarrazin
An der Virtrags-Serie Horizonte ass am Trifolion Iechternach den 20. Abrëll e Gespréich tëscht dem däitsche Publizist Manfred Osten an dem Auteur, Economist a fréiere Politiker Thilo Sarrazin. Ënner dem Titel “Schafft Europa sich ab?” geet et drëm, Wäerter wéi Solidaritéit a Gerechtegkeet ze thematiséieren. De Sarrazin ass ee vun de kontroverséierte Mënschen an Däitschland an och zu Lëtzebuerg huet seng Konferenz am Virfeld fir Kritik an Diskussioune gesuergt. De Claude Mangen huet sech mam Schrëftsteller, Jurist a Kulturhistoriker Manfred Osten iwwer dës Soirée ënnerhalen.