arrow_back_ios
Kultur
Literaturpräis "Prix Laurence" fir jonk Auteuren
Délali Amega a Maxime Weber sinn déi zwee jonk Auteuren, déi den éischte Präis beim Literaturconcours "Prix Laurence" gewonnen hunn. De sozialkriteschen a poeteschen Text vun der 17-jähreger Autorin an déi éischter philosophesch Kuerzgeschicht vum 22-jährege Blogger konnten d'Jury am meeschte begeeschteren. Kuerz Extraiten aus de priméierten Erzielungen an Declaratioune vun den Auteuren a Jurysmemberen huet Valerija Berdi zesummegestallt.