Kultur
Exhibitionism
Méi wei 500 verschidden Objeten aus de Rolling Stones hire perséinlechen Archive gehéieren zur Ausstellung Exhibitionism an der Saatchi Gallery zu London. Et ass déi éischt grouss Expo iwwert de Museker hir fulminant Carrière. Mat engem kombinéierten Alter vun 286 Joer sinn d’Rolling Stones zwar net méi déi jéngst, d’Expo verdäitlech duerfir, wéi laang d’Stones schonn an der Rockzeen ënnerwee sinn. D’France Ewen war d’Ausstellung kucken.