Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Sublind - 10th Beersday, Desdemonia & Otep

Sublind - 10th Beersday, Desdemonia & Otep

Sublind - 10th Beersday

D’Bandmembere sinn nach net sou al an et kënnt engem.vir wéi wann et d’Band nach net allzelaang gëtt. Ma: Sublind feiere lo well 10 Joer.. Dat ass Grond ze feieren - dat gëtt muer an der Kufa gemaach - a fir op déi 10 Joer zréckzekucken. An dat maachen ech am Interview vun der Woch mam Sänger vun der Band Luca Tommasi. Mir schwätzen iwwert d'Ufäng vun der Band, hir beschte Concerten an natierlech och iwwert de grousse Gebuertsdagsconcert an der Kufa um 16. Abrëll.

Desdemonia

Desdemonia sinn den Ament jo amgaang hire 5. Album fäerdeg ze maachen. Wéi déi nei Lidder kléngen, kann een an zwee Videoe gesinn, déi d’Death Metal Band an de leschten Deeg a Woche verëffentlecht huet. Eemol ass et e Video aus dem Proufraum, déi aner Kéier ee vun hirem Optrëtt zu Viichten virun 2 Wochen. Dat speziellt dobäi: et sinn 360 Grad Videoen, bei deenen ee selwer d’Kamera dréine kann, wann een den Handy beweegt oder wann een um Computer d’Bild mat der Maus beweegt.





Album vun der Woch: Otep - Generation Doom (8/10)



Sou munch een hat gemengt, Otep hätten 2013 mat Hydra hire leschten Album erausbruecht. Ma lo 3 Joer duerno si si - an dat mat engem neien Drummer, deen d’Drummachine vum leschten Album ersetzt - nees zréck. Generation Doom heescht at neit Stéck an dat ass haut, wéi gesot, eisen Album vun der Woch.

Wéi den Titel schonn ugekënngt, gëtt et op dësem Album eng ganz Parti Roserei, déi sech virun allem duerch déifgrënnege Rhythmus, fett Riffer an d’Lyrics vun enger rosener awer méi oder manner sophistikéierter verréckter Frontfra auszeechent. Wéi d’Otep selwer gesot huet, huet hatt fir dësen Album ënnert anerem seng Séil fräi gelooss an hir de Raum gelooss sech fräi ze entfalen.

Eppes wouduerch sech Otep op deem neisten Album auszeechent ass, dass an de Lidder déi haart a brutal Passage, wou d’Otep sech wierklech d’Longe erauskatzt, mat méi rouegen, luesen a schéine Momenter mat cleanem Gesang verbonne ginn. In Cold Blood ass z. B. ee perfekt Beispill, dass d’Otep vill méi kann, wéi just de Moshpit ujäitzen.

Generation Doom och bëssen d’Entwécklung vun der Band. Wann et am Ufank éischter just brutal an aggressiv hirgoung, gouf et am Laf vun der Zäit eng ëmmer méi grouss Unzuel vu Lidder dobäi komm sinn, an deenen et generell zwar bësse méi lues hirgeet an an deenen déi Aggressivitéit trotzdem bäibehale gëtt.

Sou Lidder wéi In Cold Blood, No Colour oder Lie konzentréiere sech méi op d’Melodie vun de Lidder. Och wann déi aart a Weis heiansdo vu ville Fans kritiséiert gëtt, sou ass et dach DAT, wat e gudde Museker ausmécht: Dass en och mol eppes anescht ka maache wéi knëppelen an dobäi trotzdem déi eegen Identitéit bäibehält an net vergësst, wat e fréier gemaach huet.

Positiv ass dass beim Ophuelen dës Kéier nees e Live Drummer an den Asaz komm ass. Doduerch dass ee Mënsch op der Batterie seng Kënscht ka mam Gejäitz vum Otep kombinéieren, féiert dozou, dass dat ganzt nach un Intesitéit bäigewënnt an duerch déi déi haart Stécker nach méi ervirstiechen.

Als Fazit kann ee soen, dass Otep nach laang net dout sinn an dass se nach ëmmer e Meeschter vun der Selbstexpressioun sinn.

Agenda

Sublind 10th Beersday @ Kufa, Esch

The Final Mass @ No Man's Land, Volmerange les mines

Playlist

Arch Enemy - Nemesis (Doomsday Machine, Century Media)

Desdemonia - My Enemy (Existence, Independant)

Sublind - Humpeknupper (Thrashing Delirium, Independant)

Dynazty - The Human Paradox (Titanic Mass, Spinefarm Records)

Opeth - Porcelain Heart (Watershed, Roadrunner Records)

Scarred - Low (Gaia Medea, Independant)

Otep - Royals (Generation Doom, Napalm Records)

Soulhenge - The Atomic Age (Single, Independant)

Abstract Rapture - The Cancer in my Soul (Single, Black 'N Purple Records)

Episoden