Kultur
35 Joer CD: Vum Goldiesel zum Auslafmodell
Jidderee vun eis huet der sécher doheem: CDen. Mer wëssen all, wat eng CD ass, mä zanter wéini ginn et iwwerhaapt CDen. Et muss ee festhalen, datt et e puer Méiglechkeete ginn, fir den Anniversaire vun der CD ze feieren. Een Datum ass de 15. Abrëll 1981. Op dësem Dag huet CD-Revolutioun d’Musekwelt fir ëmmer changéiert, wéi de groussen Dirigent Herbert von Karajan a Vertrieder vun de Firme Philips a Sony, déi CD erfonnt hunn, d’Vermaartung vum nei-moudesche «Compact Disc» lancéiert hunn. Ouni ze wëssen, wat d'Konsequenzen dovu géife ginn. Explikatioune vum Jean Claude Majerus.