Kultur
Der Kaffeedieb vum Tom Hillenbrand
Bis dato huet den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg besonnesch Opmierksamkeet kritt fir säi Personnage vum Detektiv widder Wëllen, dem Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer, deen am Tom Hillenbrand senge Romaner Teufelsfrucht, Rotes Gold, Letzte Ernte an Tödliche Oliven all Kéiers an e Fall verwéckelt gëtt. E weidere Krimi iwwer Europa an der noer Zukunft huet den Auteur Drohnenland iwwerschriwwen, an elo bréngt hien en historeschen Roman iwwer eng vun DEN Zivilisatiounsdrogen an hir Verbreedung eraus: de Kaffee a wéi dës Gedrénks am 17. Joerhonnert gehandelt an an Europa agefouert gouf, ausserdeem wéi ee vun Europa aus probéiert huet, de Monopol vun dëser begierter Planz ze briechen.