Kultur
Roman "City on Fire": Gespréich mam US-Auteur Garth Risk Hallberg
A sengem Debutroman „City on Fire“, beschreift de jonken amerikaneschen Auteur Garth Risk Hallberg een New York tëschent Opschwong an Ënnergang. Hien erzielt a beandrockender Längt vum Zesummeliewen an Zesummekommen vun den Leit, déi New York an den 1970er markéiert hunn. D'Buch dat scho virun der Verëffentlechung wéinst engem Zwou-Milliounen-Dollar-Virschoss fir Opreegung gesuergt hat, ass séier zum internationale Bestseller avancéiert. De Max Tholl huet zu Berlin mam Auteur geschwat.