Kultur
Journées du livre et du droit d'auteur
D'UNESCO huet den 23. Abrëll als Weltbuchdag deklaréiert - Lëtzebuerg zelebréiert d'Buch an d'Recht vum Auteur sechs Deeg laang. Vun nächste Méindeg, 18. bis Samschdeg, 23. Abrëll, ass am Kader vun de Journées du Livre et du droit d'auteur zu Lëtzebuerg, déi ganz "Buchchaîne" mobiliséiert: Librairen, Schrëftsteller, Buchbënner, Lieser, Bibliothéiken, Archiven a verschidden Organisatiounen an Associatioune sinn op de Been, fir eng Palette u Manifestatioune mam a ronderëm d'Buch. All Rendez-vouse fënnt een op www.liesen.lu. D'Nathalie Bender informéiert.