Kultur
Déi éischt Editioun vum TalentLAB
Zéng Deeg Renconteren, Spektakelen, Workshopen a Masterclassen. Dat ass am Resumé déi éischt Editioun vum TalentLAB, déi vum 10. bis den 19. Juni an der Stad organiséiert gëtt. De Projet ass eng Initiativ vun den Theatere vun der Stad Lëtzebuerg en Collaboratioun mam Théâtre du Centaure. Den TalentLAB ass, wéi de Numm et seet, eng Aart Laboratoire, an deem jonk Theaterkënschtler hir Projete kënne während zéng Deeg developpéieren. D'France Ewen mat méi Informatiounen.