Kultur
Les Émergences mam Simone Mousset
Zejoert huet den 3CL, de Centre de Création Choréographique Luxembourgeois, säi Förderprogramm "Les Émergences“ lancéiert. Jonk, villverspriechend Kënschtler, déi de Schrëtt zum Choreograph woe wëllen an déi en originellt Konzept fir e Spektakel hunn, gi vum 3CL artistesch an administrativ encadréiert, fir hiert Stéck z'entwéckelen an ze verkafen. Mat dobäi d’Simone Mousset. D’Kerstin Thalau war op der Presentatioun vun hirem Projet.