Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Kitshickers, We Knew John Doe & Ihsahn

Kitshickers, We Knew John Doe & Ihsahn

Kitshickers

D’Kitshickers sinn an der alternativer Musekzeen zu Lëtzebuerg jo quasi eng Institutioun. Schonn iwwer 15 Joer sti si op der Bühn a 6 Albumen hu se well dobaussen. Dee 7. ass grad an der Maach an iwwert deen, respektiv iwwert hir nei Crowdfunding Campagne op pledgemusic.com huet den David Wagner mat hinnen am Interview vun der Woch geschwat. Dobäi hu si eng grouss Iwwerraschung ugekënnegt... Wann Dir si also wëlt am Virfeld ënnerstëtzen, surft laanscht op http://www.pledgemusic.com/projects/kitshickers2016.

We Knew John Doe

Si haten eis d’lescht Woch bëssen ugeschass. We Knew John Doe, mat hirem “we back” op Facebook, fir dann net laang duerno ze soen, datt et en Abrëllsgeck war. Wie sech Hoffnunge gemaach huet an enttäuscht gouf, dee kann awer opootmen. Et gëtt se nämlech tatsächlech erëm, wéi si dës Woch op Facebook ugekënnegt hunn. An zwar mat folgenden Detailer:

Virun e puer Méint well ass d’Entscheedung getraff ginn, d’Band nees zum Liewen ze erwächen. De fréiere Grënnungsmember a Gittarist vu Mindpatrol Xavier Hoffman ass nees mat dobäi, d’selwecht wéi d’Bassistin vu Mindpatrol Sandy Moschetti, en zweete Gittarist gëtt et net méi. Dat wäert dozou bäidroen, datt méi Syntheziser benotzt ginn an datt d’Musek méi progressiv wäert sinn. Den éischte Gig ass de 14. Mee an der Mix N Kava Bar um Belval. Ënnert dem schéine Wuertspill Metallorgy trieden deen Owend An Apple A Day op, Retrace My Fragments, Mindpatrol an natierlech We Knew John Doe.

Album vun der Woch: Ihsahn - Arktis (8/10)



Mat Dissassembled, Mass Darkness a My Heart is of the North fänkt den Album un a weist engem vun Ufank un a wéi wäit sech den neien Album vun deene virëschten ënnerscheed. Déi 3 Lidder gi vun hire Riffer gedroen, déi meescht dovunner zimlech catchy. Allerdéngs ass alles vill méi Bass laaschteg an de Sound erënnert éischter un ee 70s Fuzz, wéi un den Overdrive, wéi een en aus dem Metal gewinnt ass. Mass Darkness - fir dat et och well e Video gëtt, a wuel als Single erauskoum - fänkt mat epeschen Harmonien an engem pakende Chorus un a léisst duerno dem thrashege Power fräie Laf, sou datt ee sech effektiv virkënnt, wéi wann ee géif an der Donkelheet verschwannen.

A propos 70s. Den Ihsahn huet och eng interessant Kombinatioun fäerdeg bruecht tëscht klasseschem Emperor Black Metal Geshreds, éischter méi klasseschem Metal an enger Hammond Uergel….

Mat Arktis huet den Ihsahn deemno en Album geschriwwen, an deem zwar wuel den Thrash, d’Riffer an déi cruncheg Produktioun dominéieren, ma deen awer wuel fir seng Progressivitéit wäert an Erënnerung bleiwen. Dëst progressiivt Gefill entsteet nämlech net nëmmen duerch d’Hammond Uergel an den deels verzwickte Songwriting, mä och duerch déi atmosphäresch roueg Momenter

Arktis ass deemno voll mat interessante Lidder, déi tëscht haart a lues ofwiesselen an an déi vill verschidden Elementer a Stiler mat agefloss sinn. De Sound ass eventuell bëssen ongewinnt, virun allem, wann een de Kënschtler just als Frontmann vun Emperor kennt, mä dem David Wagner senger Meenung no ass dësen Album all Cent wäert.

E perfekt Beispill fir dës Ofwiesslung an d’Dynamik vum Album ass iwwregens och Celestial Violence, wat eent vun deene staarkste Lidder um Album ass.

Agenda

MooFest @ Kufa, Esch

Metal meets Reggae @ Rëmelenger Stuff, Rëmeleng

Kyrenee @ Café Little Woodstock, Iernzen

Playlist

Emperor - Curse You All Men (IX Equilibrium, Candlelight Records)

Desaster - End Of Tyranny (The Oath Of An Iron Ritual, Metal Blade)

Kitshickers - nfr (Horror Vacui, Independant)

Filter - Mother E (Crazy Eyes, Wind-Up Records)

We Knew John Doe - Our Blood Is The Ocean (A Prophecy, Independant)

Aborted - Retrogore (Retrogore, Century Media)

Ihsahn - Celestian Violence (Arktis, Spinefarm Records)

Sour Vein - Ocypuss (Aquatic Cult, Metal Blade)

Scarlet Anger - The Abominable Master Gruesome (Freak Show, Hänsel & Gretel)

Episoden