arrow_back_ios
Kultur
23. Abrëll 1616: Doudesdag vum Shakespeare a Cervantes
Den 23. Abrëll 1616 - viru 400 Joer - ass den engleschen Auteur William Shakespeare gestuerwen, grad wéi de spuenesche Schrëftsteller Miguel de Cervantes. Dofir gouf den 23. Abrëll vun der UNESCO als "Weltdag vum Buch" ausgeruff an zanterhier dréit sech ronderëm deen Datum villes méi séier am Literaturbetrib. Ob de Shakespeare wierklech och nach op engem 23. Abrëll gebuer ass, verréit d'Nathalie Bender.