Kultur
Les Émergences Volume 3
Falen Iech spontan 5 jonk villverspriechend Choreographe vu Lëtzebuerg an? Neen? Am Géigesaz zu fréier sinn der dach mëttlerweil genuch um Start ... Oder ass dat de Problem? Et sinn der ze vill, fir datt se sech vuneneen ofhiewen? Den 3CL, de Centre de Création Choréographique Luxembourgeois, wëllt dës Situatioun changéieren. Mam Programm “Les Émergences”. Et geet dorëms Nowuesstalenter eng Struktur an eng Begleedung zur Verfügung ze stellen, fir e Stéck ze kreéieren an et duerno och ze verkafen. D’Kerstin Thalau mat Explikatiounen zu der 3. Editioun.