Kultur
Marionettefestival 2016
Dat ass kee Bild vun engem klenge Kand, dat an der Molstonn senger Fantasie fräie Laf gelooss huet, mä eng kuerz Beschreiwung vum Bild, dat sech während der Pressekonferenz fir de Marionettefestival an de Rotonde gebueden huet. Firwat déi Schof op enger Wiss, a virun allem: wien oder wat ass dat Wiesen aus stréiener Hauf mat Plastikschläich, déi laanscht de Kierper hänken, Been aus Moos an engem dueble Kapp? Fir dat Geheimnis ze lëften, muss ee sech de Päischtweekend an sengem Kalenner fräi halen an en Transportmëttel an d'Éislek virgesinn - dann ass nämlech zu Toodler déi 7. Editioun vum an Tëschenzäit schonn traditionelle Marionettefestival - mä wat hunn d'Rotonden domat ze doen? E Fall fir d'Nathalie Bender.