Invité:e vum Dag
Yves Piron, Direkter vum OLAI
Den OLAI, den Office Luxembourgeois d’Accueil et d’Intégration huet d’Missioun, den Integratiounsprozess vun den Auslänner ze förderen. D’Flüchtlingskris an den Zouwuess vun der Populatioun sinn een Defi fir dës Verwaltung. Zanter dem Ufank vum Joer hunn iwwer 400 Persounen zu Lëtzebuerg eng Asyldemande agereecht. D’Halschent kommen aus Syrien, Irak an Afghanistan. 2015 sinn 10.000 auslännesch Bierger bäikomm. Mam Direkter vum OLAI, dem Yves Piron diskutéiert d’Carole Schimmer iwwert déi aktuell Situatioun.