Kultur
Stéphanie Rollin, David Brognon an d'BlackBox am Casino
Beim Begrëff “Black Box” denkt Dir eventuell un e Flugschreiwer, also en Opnamgerät, dat relevant Flugdate während engem Vol chronologesch späichert. D’Équipe vum Casino Lëtzebuerg hëlt Iech mat hirer neier Black Box och gäre mat op d’Rees. Um Casino-Rez-de-chaussée sollt Dir Iech vun elo un an engem schwaarze Cube en Iwwerbléck iwwert déi aktuell Videokonscht verschafe kënnen. D’Kerstin Thalau iwwert déi 1. Programmatioun.