arrow_back_ios
Blue Note
D’Geschicht vum Bass
No der Batterie, hire Partner de Bass: de Pit Dahm a Pol Belardi proposéieren e Réckbléck op déi spannend Geschicht vum Bass. Vun Tuba iwwer Kontrabass bis E-Bass analyséiere si, wéi a wat dem Jazz iwwert ee Joerhonnert de Fong ginn huet. De Bass als Pesch tëscht Harmonie a Rhythmus, eng Geschicht vun techneschen Entwécklungen, Emanzipatioun vun enger festgeluechter Roll zum Soloinstrument, mat all senge Facette, Formen a Faarwen.