Kultur
E Konschtwierk fir den neie Ca(fé)sino
Zanter der Réouverture vum Casino Lëtzebuerg, fir den 20. Gebuertsdag vum Forum an der Ënneschtgaass, fonktionnéiert de Rez-de-chaussée als conviviale Labo fir zäitgenëssesch Konscht. E Café dierf do natierlech net feelen. An an dësem Ca(fé)sino an den fréiere salons Saint-Hubert dierf natierlech d’Konscht net feelen. D’Kënschtlerin Claudia Passeri hat –op Invitatioun vum Casino- e Projet ausgeschafft. Explicatioune Kerstin Thalau.