Invité:e vum Dag
Bilan 2015 Horesca
Fir den Horesca-Secteur wier 2015 een duerchwuessent Joer gewiescht, sot de Generalsekretär vun der Federatioun vun den Hotelen, Restauranten a Caféen op eiser Antenn. Dem François Koepp no hunn d’Hoteler gutt geschafft. Allerdéngs géifen se ënnert héije Kommissioune leiden, déi den Internet-Portal Booking.com géif verlaangen. Den Ëmsaz vun de Cafée wier ëm 7% zréck gaang. Bistroten an den Dierfer hätte gelidden. D’Hausse vun der TVA, mee och de Fëmmverbuet géifen dee Réckgang erkläeren, sou de Generalsekretär vun der Horesca François Koepp um Mikro vum Carole Schimmer.