Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Metalfestival Koplescht, WKJD & Amon Amarth

Metalfestival Koplescht, WKJD & Amon Amarth

Metalfestival Koplescht

Den eenzege Metal Festival am Land, op deem just lokal Bands optrieden, geet den 30. Abrëll an déi 9. Ronn. Am Centre Wiertspech zu Koplescht ass deen Dag nees den traditionelle "Metalfestival Koplescht". Am Interview vun der Woch kuckt de Mat-Organisateur Jeff Buchette op déi lescht 8 Editiounen zréck, erkläert, wéi d'Bands all Joers erausgesicht ginn a wat eis op der Editioun dëst Joer erwaart.

Album vun der Woch: Amon Amarth - Jomsviking (10/10)



Ech hat et d’lescht Woch gesot, den Album vun dëser Woch ass den neie vun Amon Amarth - Jomsviking. Ech muss zouginn, wéi ech matkrut, datt Jomsviking international via Sony erauskéim, hat ech bësse gefaart, datt déi schwedesch Kultband eng Richtung aschloe géif, wéi In Flames, déi jo lo net méi ganz vill mat Metal ze dinn hunn, lo wou si bei Sony ënnerwee sinn.

Glécklecherweis hu si mech awer vum Géigendeel iwwerzeegt kritt, wéi si den éischte Video an déi éischt Single First Kill erausbruecht hunn. An awer war ech vun där Single net immens begeeschtert. Kloer, et ass e coolen Track, mä et ass net méi wéi typeschen 0815 Amon Amarth Metal, wéi een e vun de puer Albume virdru kennt.

Richteg begeeschtert war ech dofir awer, wéi ech bis de Rescht vum Album héieren hunn.

Op Jomsviking, deem éischte Konzeptalbum vun der Band, an deem et ëm en Typ geet, dee seng grouss Léift net kann hunn, well si mat engem anere bestuet gëtt, a sech duerno dofir revanchéiere wëll, hu sech Amon Amarth nämlech den Challenge gesat, sech weider z'entwéckelen. An dat hu se. An dat ass gutt esou!

Déi typesch Amon Amarth Elementer sinn natierlech nach ëmmer omnipresent a sou mutéiert ee wéi gewinnt beim Lauschteren zum Vikinger: Virop dem Johann Hegg seng béis an déif Growls, déi duerch Muersch a Schank ginn, d’Gittaren déi tëscht gallopéierenden déiwe Riffer a memorablen epesche Melodien ofwiesselen an d’Drums, déi ëmmer schéi mat donneren.

Nei ass awer, wéi gesot, datt d’Story wéi e roude Fuedem duerch den Album geet. An doduerch kann ee sech nach vill méi an d’Musek verdéiwen, wéi ouni zesummenhängend Story. Direkt déngt dat zwar wuel nëmmen deene Leit eppes, déi bëssen op d’Texter oppassen. Mä och ouni dat mierkt een, datt et stëmmungstechnesch op an of geet um Album. Sou gëtt et reng musikalesch vill Ofwiesslung tëscht séieren, haarden a brutale Momenter - neen, et ass deemno keng typesch Love Story - an e puer méi nodenklechen a rouege Minutten.

Op Jomsviking huet d’Band iwwregens e weidere Gassenhauer, Sauflidd a Matgröhlsong geschriwwen. Raise Your Horns gëtt definitiv deen nächste grousse Klassiker vun Amon Amarth.

Menger Meenung no hunn Amon Amarth mat Jomsviking dee beschten Album zënter With Odin On Our Side erausbruecht. Lo, wou ech den Album héieren hunn, freeën ech mech nach méi op hire Concert den 21. Juni an der Rockhal…

Agenda

Metal vs. Cancer @ Hall Polyvalent, Viichten

My Dying Bride @ Garage, Saarbrécken

Decapitated @ Rockhal, Esch

Ensiferum & Fleshgod Apocalypse @ Kufa, Esch

Bring Me The Horizon @ Atelier, Stad

Playlist

Death - Zombie Ritual (remastered) (Scream Bloody Gore Re-Issue, Relapse)

Kraton - Revel In Chaos (Demo 2016, Independant)

Iron Maiden - The Trooper (Piece Of Mind, EMI)

We Knew John Doe - Survivors (Survivors, Independent)

Nothing - Eaten By Worms (Tired Of Tomorrow, Relapse)

Highrider - S=TxL (Armageddon Rock, The Sign Records)

Amon Amarth - Raise Your Horns (Jomsviking, Metal Blade)

Moonsorrow - Suden Tunti (Jumalten Aika, Century Media)

Ensiferum - Axe Of Judgement (One Man Army, Metal Blade)

Episoden