Kultur
D’Lara Almarcegui stellt de Casino am Casino aus
Zanter der Réouverture vum Casino Lëtzebuerg fir säin 20. Gebuertsdag ass op sengem Rez-de-chaussée eng Art conviviale Labo fir zäitgenëssesch Konscht; d’Ausstellungen si vun elo un ausschliisslech um 1. Stack. Den Ament gesidd dir do e en Hiwwel aus gemuelenem Gips, eng Affiche, eng Videoinstallatioun, d’Kopie vun enger offizieller Demande an e Buch. Zesummen ergëtt et eng Eenzelausstellung vun der spuenescher Artistin Lara Almarcegui. Explicatiounen Kerstin Thalau.