arrow_back_ios
Kultur
Screening Shakespeare an der Cinémathéik
Fir de 400. Doudesdag vum engleschen Dramatiker William Shakespeare organiséiert d’Cinémathéik eng Rei Projektioune vu Shakespeare-Adaptatiounen. Déi an alle Sproochen, an och an alle geografesche Breedegrade funktionéieren. Méi wéi Dausend mol goufen Theaterstécker vum “Bard” verfilmt. Eng Selektioun dovunner kann een an deene nächste Wochen op der Theaterplaz gesinn. D'Cléo Thoma mat Detailer.