Invité:e vum Dag
Heinz Patzelt
Nodeems en Avis fir d'éisträichesch Regierung dës Woch zum Schluss koum, datt Flüchtlingsquote géint dat internationaalt Vëlkerrecht verstoussen, well d'sozialdemokratesch-konservativ Regierung an Éisträich elo mat "Schnellverfahren" d'Flüchtlingszuele limitéieren. Restriktiounen, déi dem Generalsekretär vun Amnesty International Éisträich no nëmme legal wieren, wann déi bannescht Sécherheet a Gefor ass.
Spéitstens virum Europäesche Geriichtshaff géif déi Approche gekippt ginn, mengt den Heinz Patzelt am Interview. De Problem wier awer, datt dat ee bis zwee Joer dauert an et an där Zäit zu gravéierende Mënscherechtsverletzunge kéint kommen. Zum EU-Tierkei-Ofkommes, dat vun e Méindeg u gëlle soll, seet de Generalsekretär vun Amnesty International Éisträich, datt et eng flagrant an offensichtlech Lige wier, d'Tierkei als séchert Hierkonftsland anzestufen. Den Deal géif u Mënschenhandel grenzen.
Déi sougenannten "Hotspots" nennt den Heinz Patzelt Retentiounszentrumen, wou ee Leit festhält a se ouni Prozess nees zeréckschéckt. Dat géif u däischter Zäiten an Europa erënneren.
Duerch d'Gespréich féiert den 100,7-Auslandskorrespondent zu Wien Daniel Schneider.