Kultur
Woody Allen: 90er an der Cinémathéik
An där laanger Filmografie vum Woody Allen, déi d'Cinémathéik, méi oder wéineger an Dekaden opgedeelt, Revue passéiere léisst, léisst sech keng Schafensperiod als méi schwaach wéi déi aner bezeechnen. All puer Filmer brécht de Cineast mat senge gewinnte Komedien a Bezéiungsfilmer, a wot och alt stilistesch Experimenter. Domat erfënnt e sech bestänneg nei. Hie bleift, iwwert Joerzéngten, ee glafwierdege Chronist a Kommentator vun der amerikanescher Gesellschaft.