arrow_back_ios
Kultur
Luxembourg Filmfestival 2016: A Bigger Splash
Mat "A Bigger Splash" schafft den italienesche Cineast Luca Guadagnino op en neits mat der Schauspillerin Tilda Swinton zesummen. Si iwwerhëlt hei d'Roll, déi an der Zäit vun der Romy Schneider gespillt gouf, am Jacques Deray sengem Film "La Piscine" vun 1969, an deem och de Jacques Delon, d'Jane Birkin an de Maurice Ronet ze gesi waren. Hei ginn hir Personnage jeeweils vum Matthias Schoenaerts, Ralph Fiennes, an Dakota Johnson interpretéiert.