arrow_back_ios
Kultur
"Under The Sun": Abléck an eng Diktatur
Offiziell huet de russesche Cineast Vitali Mansky mat "Under The Sun" e Propaganda-Film ganz am Sënn vun de nordkoreaneschen Autoritéite gedréint. Eng hondsgewéihnlech, an trotzdem exemplaire Famill sollt portraitéiert ginn. De Mansky huet dat och gemaach, mä sou wéi en de Film montéiert huet, kritt een trotzdem en Abléck an déi diktatoresch Natur vun dësem Land, wou d'Leit conditionnéiert ginn.