Kultur
"Land of Mine": eng wonnerschéin Naturkuliss fir eng grausam Tragedie
"Land Of Mine" vum däneschen Zeenarist a Realisateur Martin Zandvliet leeft an der Kompetitioun um Filmfestival. Hei geet et ëm däitsch Kannerzaldoten, déi direkt no der Liberatioun vun 1945 musse Minen op den dänesche Plagen ewechraumen, déi hir eegen Arméi do vergruewen hat. Vill vun de Bouwe ginn dobäi an d'Lut gesprengt. D'Stäerkte vun dësem klassesch inszenéierten Drama sinn eng beandrockend Naturkulisse, an déi groussaarteg schauspilleresch Leeschtung vun deem gréisstendeels bluttjonke Cast. De Christian Mosar rechent domat, datt "Land Of Mine" amerikanesch Produktiounsfirme staark interesséiere wäert. Et ass déi Zort Film déi no engem Remake jäizt.