Kultur
"Where To Invade Next" vum Michael Moore um Filmfestival
Um Luxembourg City Film Festival gëtt deen neien Documentaire vum amerikanesche Cineast Michael Moore gewisen. De Moore hat 1989 mat "Roger And Me" eng nei, spannend Zort vun Documentaire an d'Kinoe bruecht. "Bowling For Columbine" an "Fahrenheit 9/11", am selwechte Genre, wore grouss Succèsen. Säi rezentste Film, "Where To Invade Next", ass nach ëmmer nom selwechte Muster an Zeen gesat. Mëttlerweil funktionéiert dat awer net méi, an de Film wierkt eigentlech just nach naïv a pathetesch, seet de Christian Mosar.