Kultur
Woody Allen an der Cinémathéik: Deel Fënnef
Zënter fënnef Méint gëtt sech d’Cinémathéik der Mammut-Übung hin, fir dem amerikanesche Cineast Woody Allen seng gesamt Filmografie chronologesch ze programméieren. Well hien zënter Joerzéngten regelméisseg ee Film pro Joer erausbréngt, ergëtt dat der e ganze Koup. Langweileg ass dat net. Och wann de Cineast en Univers geschafen huet, deen een direkt als säin identifizéiere kann, erneiert hie sech bestänneg. D’Cléo Thoma iwwert de Woody am Abrëll.