arrow_back_ios
Kultur
D'Expo "RaumMann 1.0" am KM9 zu Tréier
Zejoert huet den Tréierer Kënschtler Laas Koehler seng eege Spillplaz fir d’Konscht ageweit: d’Galerie KM9 um Ufank vun der Karl-Marx-Strasse, wéi den Numm et seet, op der Nummer 9. Nach bis den 2. Abrëll inclus kënnt dir do d’Ausstellung “RaumMann 1.0” vun der Fotografin Simone Busch kucke goen. Ze gesi si 40 Männerportraiten a schwaarz-wäiss. Explicatiounen Kerstin Thalau.