Kultur
Vantablack, dat schwäerzste Schwaarz op der Welt!
Méi schwaarz wéi schwaarz geet dat? De Numm hannendrun ass “Vantablack”, déi donkelste Faarf déi bis ewell produzéiert gouf. Vanatblack absorbéiert 99,96 Prozent vun der Luucht, an dat heescht op eng Vantablack-Fläch verschwënnt einfach alles, an zanterhier weess een dat Schwaarz net gläich Schwaarz ass, well et geet ëmmer nach méi schwaarz! De Problem ass just datt dës enorm schwaarz Farf net fir de Grand Public zougänglech ass, den indesch-briteschen Artist Anish Kapoor huet sech d’Rechter un Vantablack geséchert. Explikatioune Jean Claude