Kultur
Espoir en Tête: "The Jungle Book" en Avant-Première mam Rotary
De 17. Abrëll organiséiert den Utopolis Group zesumme mam Rotary eng Avant-Première vum neien, spektakulären Disney-Film The Jungle Book. D’Projektioun ass sonndes moies, den Entréesbilljee ass eng Grimmel méi deier wéi gewinnt, mä déi zousätzlech Zomme si fir e gudden Zweck, nämlech fir d'Fuerschung am Beräich vun de Kapp-Krankheeten. Dohier den Titel "Espoir en Tête". D’Cléo Thoma huet beim Martine Reuter vum Utopolis Group an dem Tom Reinert vum Rotary, nogefrot.