Blue Note
A Tribute to Jack Johnson
A Tribute to Jack Johnson ass nieft L’ascenseur pour l’Echafaud eng vun de wéinege Kompositiounen, déi de Miles Davis als Filmsoundtrack opgeholl huet. Jack Johnson Sessions sinn 1970 entstanen, fir en Documentaire iwwert de Schwéiergewiichtsboxer Jack Johnson ze ënnermolen, A Tribute to Jack Johnson ass ee vun de rockegsten Albumen, déi de Miles Davis verëffentlecht huet, hien huet sech un engem gewëssenen Jimi Hendrix inspiréiert, deen hie kuerz virdrun um bekannte Fillmore Festival kenne geléiert hat. Et sinn awer och nei musekalesch Talenter, déi een hei entdeckt, wéi de Keith Jarrett an de Steve Grossman. De Marco Reusch hëlt dem Miles Davis säi musekaleschen Ausfluch an de Rock a Pop ënnert d’Lupp.