Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Miles to Perdition & Scarlet Anger

Miles to Perdition & Scarlet Anger

Miles To Perdition goes W.O.A. Metal Battle

Dir hutt et vläicht matkritt, vläicht waart der selwer an der Kufa de leschte Weekend, vläicht hutt dir et op Facebook gesinn: Miles To Perdition hunn de Lëtzebuerger Metal Battle gewonn an däerfen deemno am Summer um Wacken Open Air Metal Battle matmaachen an hu sou d’Chance och international nach méi Fouss ze faassen a virun allem awer en ultra stramme Concert virun engem grousse Public ze spillen. Si hu sech géint Soulhenge, Feradur, Elysian Gates, Heaven’s Scum an Another From Above behaapte kënnen. Am Interview erkläert de Sänger Ken, wéi si deen Owend erlieft hunn, wat dëse Gewënn fir si bedeit, a wéi d'Zukunft vun der Band ausgesäit, well nach ëmmer net ganz feststeet, wien an Zukunft fir si hannert de Jummdeckele sëtze wäert.

Album vun der Woch: Scarlet Anger - Freak Show (8/10)



Virun zwou Woche war hire Gittarist bei mir am Interview, den 18. Mäerz koum hiren neisten Album eraus, dofir gëtt et héich Zäit, dass ech deen och reviewen: Freak Show vu Scarlet Anger ass deemno den Album vun der Woch.

An ech muss soen, et ass en exzellenten Thrash Album. Scarlet Anger ass eng vun deene Bands, déi bësse gebraucht hunn, bis si mech vun hinnen iwwerzeege konnten.. Mä dat läit vläicht dorun, dass ech bei hirer éischter EP einfach nach ze vill d’Iddi am Kapp hat, dass zwee Leit, déi fréier bei Born waren, lo op Metal wëlle maachen. Ma mat all Release hu se mech méi iwwerzeegt kritt a Freakshow ass elo deen Album, dee bis elo den Héichpunkt vun der Band duerstellt.

E fänkt u mat engem immens gelongenen melodeschen, atmosphäreschen a fulminanten Intro am Opener Awakening Of The Elder God,

An dee schonn direkt beweist, op wéi enger Schinn Scarlet Anger dës kéier ënnerwee sinn. Déi meescht Stécker sinn zwar zimlech kompromësslos, ma iergendwéi si schéi Melodien an Harmonien nach vill méi präsent, wéi nach op de Virgänger. E Paradebeispill dofir ass wuel The Abominable Master Gruesome, dat wuel dat Lidd ass, wou déi meescht Leit wäerte mat sangen a fir mech lo schonn den nächste grousse Gassenhauer mat Héngerhautgarantie ass.

Den Album ass awer net nëmme méi melodesch, wéi all aner Release virdrun. D’Lidder paken een an hunn alleguerten eng gesond Portioun un Ofwiesslung, sou dass et ni langweileg gëtt den Album nach emol ze lauschteren. Dës Ofwiesselung mécht sech net nëmmen duerch Tempo-Wiesselen, Breaks an déi vill Melodië bemierkbar, mä och doduerch, dass d’Band heiansdo bësse méi ongewinnten an interessant Riffer benotzt, wéi an The Haunted Place - House Of Lost Souls

Dobäi kënnt, dass Scarlet Anger op Freakshow och a Punkto Drums e bësse fort komme vun deem typesche “Bumm-Tschack” Klischee am Thrash an esou och op der Batterie vill Ofwiesselung a kleng Spillereien an duerch d’Halbeiere vum Rhythmus och dacks e gudde Krack Groove mat erabruecht hunn.

Als Fazit kann ee soen, dass Scarlet Anger mat Freak Show definitiv hiert bis dato beschte Wierk erausbruecht hunn, dat bei mir am Auto och well an der Top Rotation gelant ass. Engt vun deenen interessanteste Stécker - well dat duerch d’Majeur Gamme, déi d’Gittaristen do benotzen, e relativ positive Vibe kritt - ass souzesoen den Titeltrack Welcome To The Freakshow.

Freakshow koum, wéi gesot well den 18. Mäerz eraus, offiziell presentéiere wäerte Scarlet Anger hiren neien Album awer um Metalfestival zu Koplescht den 30. Abrëll.

Playlist

Amon Amarth - Versus The World (Versus The World, Metal Blade)

Amon Amarth - First Kill (Jomsviking, Metal Blade)

Miles to Perdition - Blasphemous Rhapsody (Blasphemous Rhapsody, Indie)

Elysian Gates - Crossroads (Crossroads, Indie)

Caliban - Mein Schwarzes Herz (Gravity, Century Media)

Grimner - Midgard Brinner (Frost Mot Eld, Despotz Records)

Scarlet Anger - Welcome To The Freakshow (Freak Show, Hänsel & Gretel)

Amorphis - The Four Wise Ones (Under The Red Cloud, Nuclear Blast)

Episoden