Kultur
Dalí vs Picasso vum Fernando Arrabal
Schonn 2013 ass d’Theaterstéck Dalí vs Picasso am TNL zu Lëtzebuerg gespillt ginn – D’Stéck vum spueneschen Auteur Fernando Arrabal beschäftegt sech mat der Geschicht vun de Wierker Guernica a Construction molle aux haricots bouillis. Elo ass d’Stéck zu Nanzeg ze gesinn: Nach bis den Owend gëtt et am Theâtre de la Manufacture opgefouert – dëst als Co-Produktioun mam TNL an enger Mise-en-Scène vum Frank Hoffmann. D’Charlotte Wirth war sech d’Stéck op Nanzeg ukucken an huet de Fernando Arrabal kenne geleiert.