Kultur
Giora Feidman, de Kinnek vun der Klezmer-Musek
De Klarinettist Giora Feidman ass ouni Zweiwel de bedeitendsten Instrumentalsolist vun der Klezmer-Musek, déi duerch de Folklore vun de jiddesche Kiermesleit iwwerliwwert gouf. Säi Beméie fir d'Klezmer-Musek huet him ënnert aneren de Spëtznumm "d’Klarinett déi séngt" abruecht. De Klezmer-Kinnek Giora Feidman mécht mat senger gliesener Klarinett net nëmme Musek, de Giora Feidman schwätzt duerch säin Instrument, hie kann domat laachen a kräischen. De Giora Feidman feiert haut säin 80 Gebuertsdag. De Portrait vum Klezmer-Museker mam Jean Claude Majerus